top of page
IMG_1825_edited.jpg

ZÄIT ASS WÄERTVOLL
mir bidden en
rundumsorglos service

PICTOS SERVICES-03.png
PICTOS SERVICES-01.png
PICTOS SERVICES-02.png
PICTOS SERVICES-04.png

DIR BRAUCHT
de speziellen Miwwel?

Dir stitt virun engem eidelen Haus, enger grousser Ëmgestaltung oder e Raum de passend zu senger Funktionaliteit ëmgestalt soll gi, dann musst dir vill a grouss Decisiounen treffen.

 

Mir hëllefen Raimlechkeeten no ären besoins ze gestalten, déi souwuel praktesch wei och komfortabel sin.

 

Mir entwerfen an stellen äert Eenzelstéck vun deem dir dreemt, no ären Wënsch hier.

IMG_1378.jpeg
IMG_8312.jpeg

ZEITSPUERENDEN
RUNDUMSORGLOS
SERVICE

Mir hëllefen Iech déi bescht Decisiounen fir ären speziellen Miwwel ze treffen, andeems mir Iech begleeden mat personaliséierten Entwërf bis zur fäerdeger Installatioun an ärem Doheem.

 1. Kontaktéeier eis. 

 2. Gestaltungsphase. 

 3. Mir bauen fir Iech. 

 4. Mir installéieren fir Iech. 

IMG_0981.jpeg
High Quality furniture.png

NOHALTEG
LAANGWIEREG
MIWWEL

Mir hunn Holz gär!

Dofir behandele mir dës wäertvoll Ressource mat Respekt a wielen Holz dat nohalteg gefält gouf oder nach eng Kéier verwäert gëtt.

 

Mir liewen dat traditionellt Handwierk, laangwiereg an zolidd Miwwelen ze schafen ass eis Bestëmmung.

EENZEGARTEG & AUTHENTESCH MIWWEL

Holz ass wonnerbar an eenzegaarteg ... et huet eng onendlech Varietéit vu Faarwen, Strukturen a Eegenschaften. Sou wei ett bannent engem Bamstamm keng zwee identesch Dill gëtt oder keen Bam wei deen aneren ass, sou sinn och all eis Miwwel eenzegaarteg.

 

Mat eiser authentescher Ënnerschrëft vum Design kreéiere mir eenzegaarteg Stécker déi Äre Besoinen entspriechen.

 

Mir bauen personaliséiert Miwwelen wéi Schief, Sideboards, Regaler, Garderoben, Dëscher a villes méi ... entspriechend Ären Ufuerderungen an Iddien.

IMG_7997.jpeg
Unique design w.png
Handmade authentic furniture.png

eisen Optrag fänkt mat Iech un:

verstoen wat Dir braucht, fir datt mir méi kënne bidden wéi nëmmen den techneschen Aspekt, mir denken anescht a maachen dat Onméiglecht méiglech.

  • Facebook
  • Instagram
  • LinkedIn
bottom of page